D'Tester vun der Fonction publique zu Lëtzebuerg

Examen Luxembourg

Zu Lëtzebuerg ginn d'Tester fir d'Fonction publique vu Govjobs iwwer e speziell dofir entwéckelte Site organiséiert.

D'Épreuve d’aptitude générale (den allgemengen Eegnungstest), déi fir de staatleche Secteur gëllt, besteet aus véier Tester: Raisonnement abstrait (abstrakt Denken), Raisonnement numérique (Zueleverständnis), Raisonnement verbal (sproochlogescht Denken) a Bac à courrier électronique (elektronesche Postkuerf). Dës Tester si vergläichbar mat deene vum belschen (Selor-Tester) an europäeschen (EPSO-Tester) ëffentlechen Déngscht. D'Commentairen heidrënner bezéie sech op d'Gehaltsgruppen A1 an A2.

Raisonnement abstrait (abstrakt Denken)

Dësen Test ass änlech wéi de Wierfeltest am Selor. D'Wierfel sinn hei einfach duerch Funktiounstasten ersat: F1, F2 asw. Pro Zeil ginn et héchstens 4 Funktiounstasten. 1 Tast = 1 Ännerung. D'Ännerunge sinn: Gréisst, Faarf, vertikale Stréch, horizontale Stréch, Ännerung vun der Form, Vertauschen a Rotatioun ëm ee Véierelstour.

D'Froe sinn onofhängeg vuneneen: B'Bedeitung vun enger Tast ännert bei all neier Fro. De Schwieregkeetsgrad klëmmt mat de Froen. Wat ee méi wäit am Exercice ass, wat d'Zuel vun Tasten an d'Zuel vu Figuren op all Säit vun den Tasten zouhëlt.

D'Buch vun ORSEU Test de capacité de raisonnement abstrait du Selor ass eng gutt Virbereedung op dësen Test. De Lieser gëtt op déi follgend Ënnerscheeder higewisen:

- d'Rotatioun ëm e Véierelstour kënnt am Selor-Test net vir; de Kandidat muss deemno dës Ännerung am Kapp behalen, wann en den Test mécht;

- well d'Froe vuneneen onofhängeg sinn, brauch ee sech d'Bedeitung vun den Tasten net um Brouillon ze notéieren.

Selor-Abstraact

Bac à courrier électronique (elektronesche Postkuerf)

D'Form vum Test (Beschreiwung vun der Aufgab, Typ vu Froen an Optiounen) ass änlech wéi déi vum Bac à courrier am EPSO-Test. D'Buch vun ORSEU Bac à courrier des concours de la fonction publique européenne ass deemno eng gutt Virbereedung op dësen Test.

e-tray

Raisonnement numérique (Zueleverständnis)

D'Froen erfuerdere keen esou en ausgepräägt numeerescht Wësse wéi am EPSO-Test. Et ass zum Beispill net néideg, datt een eng Moyenne pondérée rechnen oder d'Proportionalitéitsreegel uwende kann.

D'Froen am Buch vun ORSEU QCM de raisonnement numérique si méi schwéier ewéi déi am GovJobs-Test. D'Buch ass deemno eng gutt Hëllef, fir sech op den numeereschen Deel virzebereeden. Wéi dat franséischt Spréchwuert seet: Qui peut le plus, peut le moins (Wie méi kann, kann och manner).

La vitesse est la principale difficulté du test numérique GovJobs.

D'Vitess ass d'Haaptschwieregkeet beim numeereschen Test vu GovJobs.

Numerical reasoning MCQ

Fir Zäit ze spueren, soll de Kandidat net ze vill rechnen a léiwer mat Approximatioune schaffen an d'Rechemaschinn nëmmen am Noutfall benotzen (zemol déi och nëmmen um Ecran accessibel ass). Kandidaten, déi sech net wuelfillen am Ëmgang mat Zuele gëtt staark recommandéiert, sech intensiv mam  Buch Les bases du raisonnement numérique vun ORSEU ze befaassen, besonnesch fir sech mat Bréch a Prozentrechnungen ze familiariséieren.

 Numerical Reasoning-A training guide

Dës Bicher si verfügbar am 3-Bicher-Package fir Lëtzebuerg oder 4-Bicher-Package fir Lëtzebuerg

                                Pack 3 books LuxembourgPack 4 books Luxembourg

Raisonnement verbal (sproochlogescht Denken)

Den Test besteet aus verschidden Zorte vu Froen, déi sech all op e relativ kuerzen Text bezéien: prezis Froen, Froen, bei deenen een déi zoutreffend Ausso fanne muss an anerer, wou een déi falsch Ausso fanne muss. D'Method fir dës Froen ze beäntwere fënnt de Kandidat am Buch Verbal Reasoning for Ireland's Civil & Public Service Competitions.

Verbal Reasoning

Share this content