Travailler dans la fonction publique luxembourgeoise

Dir wëllt am ëffentlechen Déngscht zu Lëtzebuerg schaffen? 

De CGPO (Centre de gestion du personnel et de l'organisation de l'État) ass fir de Rekrutement zoustänneg. Postuléiere kënnt Dir iwwer de Referenzsite govjobs.  Hei fannt Dir d'Jobofferen, déi fir Leit, déi beim Staat schaffe wëllen, an de Beräicher Educatioun, Justiz, Force publique an Administration générale ugebuede ginn.

Dir kënnt als Beamten, Employé oder Salarié an d'Lëtzebuerger Fonction publique erakommen. 

D'Beamte ginn definitiv an op Liewenszäit ernannt. Fir Beamten ze ginn, musst Dir en Opnamexame maachen: den Examen-concours

D'Salariéen an d'Employéeë ginn ënnert engem Contrat à durée déterminée oder indéterminée an de Verwaltungen a Servicer vum Staat agestallt. Am Géigesaz zu de Beamte musse si keen Opnamexame maachen a kënne sech direkt op d'Jobofferen, déi um Site govjobs publizéiert ginn, mellen.

Fir all d'Statute ginn et 4 Kategorien, déi jee no Diplom accessibel sinn:

  • A: Bachelor oder Master
  • B: „Diplôme de fin d’études secondaires classiques“ oder „secondaires techniques/générales“ oder „Diplôme de technicien“ oder „Brevet de maîtrise“
  • C oder D: 2 oder 5 Joer am Secondaire classique oder Secondaire technique/général oder am Regimm vum Technicien; oder en „Diplôme d’aptitude professionnelle“ (DAP) ofgeschloss hunn.

Examen-concours

Fir beim Examen-concours fir Beamte matmaachen ze kënnen, musst Dir verschidde Bedéngungen erfëllen, dozou zielen, d'Nationalitéit vun engem EU-Memberstaat ze hunn an déi dräi administrativ Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) ze beherrschen.

Den Examen-concours leeft an 2 Etappen of: 

  • Eng Épreuve d’aptitude générale, och EAG genannt;
  • Eng Épreuve spéciale, déi sech op d'Kompetenze fir de jeeweilegen Job bezitt.  

Fir d'EAG sinn normalerweis zwou Sessioune pro Joer, opgedeelt no Gehaltsgruppen, virgesinn.

D'EAG ëmfaasst déi follgend Tester: 

  • Test „Raisonnement abstrait“ (abstrakt Denken): 50 % vun der Endnott.
  • D'Übung „Bac à courrier“ (Postkuerf): 30% vun der Endnott.
  • Den Test „Raisonnement numérique“ (Zueleverständnis) an den Test „Raisonnement verbal“ (sproochlogescht Denken): 10 % vun der Endnott fir all Test.  

D'EAG dauert, ofhängeg vum Gehaltsgrupp, 2 bis 2,5 Stonnen. Den Examen ass gepackt, wann Dir an allen Tester zesummen op d'mannst 50 vun 100 Punkten erreecht. 

Wann Dir d'Épreuve d'aptitude générale gepackt hutt, gitt Dir fir eng Dauer vu maximal 5 Joer op eng Reservlëscht agedroen. Wärend dësem Zäitraum kënnt Dir Iech op déi Offere mellen, déi fir Beamten an Ärem Gehaltsgrupp ugebuede ginn. 

Elo fänkt déi zweet Etapp un: d'Épreuve spéciale, déi sech op déi spezifesch Kompetenze bezitt, déi fir de fräie Poste gefrot sinn. Et ka sech dobäi ëm e Virstellungsgespréich handelen, eng mëndlech oder schrëftlech Mise en situation, en Test, fir Är sozial Kompetenzen ze evaluéieren oder och nach en Test d'aptitude professionelle (berufflechen Eegnungstest).

Nom Rekrutement sidd Dir an der Reegel nach zwee Joer am Stage. Wärend dësem Zäitraum kënnt Dir Iech op Joboffere mellen, déi fir Beamten an Ärem Gehaltsgrupp ugebuede ginn, an dat maximal fënnef Joer nom Datum vun der Deliberatioun vun der Examenskommissioun.

Déi nächst Sessioune fir d'EAG

De CGPO deelt op sengem Internetsite govjobs déi nächst Sessioune vun der EAG fir déi jeeweileg Kategorië mat.

Groupe de traitement

Période d'inscription

Groupe de traitement D2-D3

18/04/2024 - 24/04/2024

Groupe de traitement A1

20/08/2024 - 26/08/2024

Groupe de traitement A2

05/09/2024 - 11/09/2024

Groupe de traitement B1

19/09/2024 - 25/09/2024

Sech op d'Épreuve d'aptitude générale virbereeden

ORSEU concours huet Bicher erstallt, déi Iech hëllefen, Iech op d'Tester vun der EAG virzebereeden.

Si enthalen eng detailléiert Methodologie an Honnerte vu Froe fir d'Multiple-Choice-Tester oder zwee Fallbeispiller fir den Test vum Bac à courrier. 

Dir kënnt Iech och preparéiere mat eisem Online-Cours iwwer de Bac à courrier-Test an eisem Online-Cours an eisen Online-Tester iwwer de Raisonnement numérique.

La sélection ORSEU Concours :

Nëtzlech Linken

De Site Govjobs a seng Säiten op Facebook et Linkedin

Fir alles iwwer d'Fonction publique zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn:  fonction-publique.public.lu

Eis Facebook-Säit: ORSEU-examen-concours Luxembourg